Politik? Fir Jiddereen!

D’Chambre des Députés, de Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse an d’Zentrum fir politesch Bildung hunn zesumme sechs Animatiounsfilmer op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch ausgeschafft. Si riichte sech u Kanner a Jugendlecher, awer och un een erwuessent Publikum, dat méi doriwwer wëll gewuer ginn, wéi d’Lëtzebuerger Demokratie funktionéiert.

Zousätzlech zu all Film steet de Léier/-innen an Erzéier/- innen pedagogescht Begleetmaterial zur Verfügung, dat een op dëser Säit erofluede kann. Déi Hefter gëtt et an zwou Sproochen. Si enthalen Hannergrondinformatiounen, ee Froebou iwwert de Film a weider Impulser fir d’Kanner a Jugendlech  unzereege fir ze  Recherchéieren, ze Diskutéieren a Matzemaachen.

Lëtzebuerg ass een demokratesche Staat. Dat heescht, dass d’Entscheedunge beim Vollek leien. Demokratie ass eng Herrschaftsform, déi op der Opdeelung vun de Gewalte berout an déi d’Grondrechter respektéiert souwéi fräi Walen erméiglecht. Demokratie ass awer net nëmmen eng Herrschaftsform, mee och eng Gesellschafts- a Liewensform.

Version française
Deutsche Version
English Version

D’Verfassung ass dat “héchste” Gesetz an engem Staat. Déi aktuell lëtzebuerger Verfassung staamt aus dem Joer 1868 a gouf am Laaf vun der Zäit ëmmer nees ugepast. Si definéiert, wéi de Staat opgebaut ass a wéi déi verschidden Institutioune funktionéieren. D’Verfassung leet d’Grondrechter vun de Biergerinnen a Bierger fest, sou wéi allgemeng a grondsätzlech Bestëmmungen an Zieler. Detailer gi vun der Chamber duerch Gesetzer geregelt.

Version française
Deutsche Version
English Version

All 5 Joër ginn zu Lëtzebuerg Parlamentswalen ofgehalen. D’Biergerinnen a Bierger wielen hei 60 Deputéiert. Dofir heescht d’Parlament zu Lëtzebuerg Chambre des Députés.

Version française
Deutsche Version
English Version

Gesetzer si Reegelen, op deenen eis Gesellschaft berout. Si erméiglechen ee gutt Zesummeliewen a gëlle fir jiddereen. Si gi vun de gewielte Volleksvertrieder/-innen an der Chambre des Députés beschloss.

Version française
Deutsche Version
English Version

Wale sinn ee wichtegt Mëttel zur Matbestëmmung an integrale Bestanddeel vun enger demokratescher Gesellschaft. Am Virfeld huet all Bierger/-in d’Méiglechkeet, sech genau iwwer d’Iddien an d’Positioune vun den eenzele Parteien a Kandidaten/- innen z’informéieren a sech z’iwwerleeën, wie seng/hir Interessen am beschte vertrëtt. Hire politesche Wëllen drécken d’Bierger/-innen dann um Waldag mat hirer Stëmm aus.

Version française
Deutsche Version
English Version

Eng Demokratie lieft vum Engagement an der Bedeelegung vu senge Biergerinnen a Bierger. Et schwätzt ee vu Participatioun. Dat bedeit een Deelhuelen un Entscheedungs- an Ëmsetzungsprozesser. Et gëtt verschidde Méiglechkeete fir sech ze bedeelegen.

Version française
Deutsche Version
English Version

D’Europäesch Unioun ass ee fräiwëllegen Zesummeschloss vun demokratesche Staaten an Europa déi decidéiert hunn, a verschiddene Beräicher zesummenzeschaffen. Si ass am Laf vun der Zäit gewuess. Hier Memberen hu sech gemeinsam Reegelen an Institutioune ginn a si Kompromësser agaangen. Dat alles geschitt mat der Absicht, de Fridden an de Wuelstand um europäesche Kontinent ze sécheren.

Version française
Deutsche Version
English Version