FI LASEP 16_9-compressor

50 Joer LASEP

50 Joer LASEP

50 Joer LASEP

D’Ligue des associations sportives de l’enseignement fondamental, 1964 gegrënnt an zënter dem 6. Februar 2009 fest an der loi scolaire verankert, vervollstännegt déi edukativ Missioun vun der Grondschoul andeems si sech am Beräich vum péri- a parascolaire Schoulsport engagéiert. An der Kooperatioun mat ville Maison Relaisen a Sportfederatioune promouvéiert d’LASEP de Spaass un der Beweegung a stellt d’Kand an seng Bedürfnisser an de Mëttelpunkt.

D’LASEP, dat si regelméisseg, lokal Traininger an den eenzelne Sektiounen, déi ganz am Zeeche vum Multisport stinn an e breet Angebot u Beweegungsméiglechkeeten duerstellen. D’Jongen an d’Meedercher aus der Grondschoul, tëschent 3 an 12 Joer, ginn un déi verschidde Sportaarten op eng spilleresch Aart a Weis an am Fairplay erugefouert a kënnen d’LASEP als Sprangbriet notzen, fir och an engem Sportveräin aktiv ze ginn.

D’LASEP, dat ass och e breet gefächerte Manifestatiounskalenner queesch duerch all d’Sportaarten, ob kompetitiv oder als Promotioun. Kleng a Grouss kënne vun dësem villfältegen Angebot profitéieren an op regionalem an och nationalem Niveau anere Kanner begéinen.