D’Mustik an de Sputt bereeden déi grouss Parad vum Karneval der Tiere vir. Dobäi begéine se enger Hellewull Déieren a se verléiere sech ëmmer méi dacks an der Phantasiewelt vun hirem Spill. Wa jiddereen do ass, kann et endlech lass goen. An da gëtt sou richteg gefeiert!