De Pierchen an de Wollef

De Pierchen an de Wollef

Sergueï Prokofiev

Um Bord vum grousse Bësch wunnen de Pierchen a säi Grousspapp. De Bopi warnt de Pierchen virum geféierleche Bësch: do dréint de Wollef seng Ronnen an deen ass hongereg wéi eng Wanternuecht.

Iewer de Pierchen ass virwëtzeg an dee mysteriéise Bësch léisst him keng Rou. Enges gudde Moie verléisst hien d’Haus, spréngt iwwer den Zonk a mecht sech op de Wee fir an de Bësch. Ënnerwee begéint hie senge Frënn; dem Villchen an der Int, déi duerch de Bulli gewatschelt kënnt a monter drop lass schnaddert.

Ee kuckt dem Spaass vu Wäitem no: de Wollef lauert do, verstoppt am Schied vun de Beem. An de Pierchen? Ass hie prett fir dem Wollef ze begéinen? A wann d’Zäit do ass, wat passéiert dann? Mecht hiem de Wollef doud, gëtt hien him Meeschter oder léisst hien e laafen?